Thursday, February 26, 2009

Principat d'Andorra


Detailer
Detailer

National Devise: Virtus Unita Fortior

Offiziell Sprooch: Katalanesch
Haaptstad: Andorra la Vella

Staatsform: Konstitutionell Monarchie
• Landeschef: Nicolas Sarkozy
(Franséische Co-Prënz)
Joan Enric Vives i Sicilia
(Episkopale Co-Prënz)
• Regierungschef: Albert Pintat Santolària

Fläch: 468 km²

Bevëlkerung: 81 222 [1]
• Bevëlkerungsdicht: 173,5/km²

Onofhängegkeet: 1278
Nationalfeierdag: 8. September
Nationalhymn: El Gran Carlemany
(Lauschteren)
Währung: Euro
Zäitzon: UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD: .ad
International Virwahl: +376

D'Fürstentum Andorra (katalanesch: Principat d'Andorra) ass e klengen onofhängege Staat am Südweste vun Europa. Den Zwergstaat läit matten an de Pyrenäen, tëscht Spuenien (Katalonien) a Frankräich (Departementer Ariège a Pyrénées-Orientales).

Andorra gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass a senge Grenzen zënterhier net changéiert. [2]

D'Funktioun vum Staatschef ass historesch an zwee gedeelt. De franséische President an de Bëschof vun Urgell sinn allebéid Co-Prënzen vun Andorra, och wann hier Roll éischter eng representativ a symbolesch ass.